Student 4.0 :

Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt – Erausfuerderungen a Méiglechkeeten

Mir stinn um Ufank vun engem globale Phenomen, der Digitaliséierung vu quasi allen Liewensberäicher. Bekannten Etüde wei déi vum Oscar et Frey oder vun der OECD, fir der nëmmen zwou ze nennen, soe viraus dass teschend 9-40% vun den Aarbechtsplazen am Zuch vun dëser Ëmwandlung wäerte verschwannen. D’ Uberiseirung an d’Blockchains sinn hautdesdaags schonn éischt Unzeechen dovunner.

Digitaliséierung an der Aarbechtswelt ass also en Fakt, mä wat sinn da genau d’Konsequenze vun dësem Phenomen op d’Zukunft vun den Studenten, hire Studien an hirer professioneller Carrière?

Während der Editioun 2018 vun der REEL wäerten d’Studenten, zesumme mat de politeschen an ekonomeschen Acteuren, probéieren an engem konstruktiven Dialog méiglech Äntwerten op des Froen ze fannen, fir dass Jiddereen sech méiglechst bescht kann op Zukunft virbereeden.