Zenter der éischter Editioun 1984 huet sech d’REEL, d’Europäescht Treffe vun de Lëtzebuerger Studenten, zu engem wichtegen Event am Kalenner vun de Lëtzebuerger Studentn entwéckelt.

Ongeféier 150 ausgewielte Participanten, déi hir Studien an enger europäescher Universitéit maachen, treffen sech Joer fir Joer an enger anerer Studentestad. Verschidden Themen, esou wéi d’Studenteliewen oder Héichschoulpolitik, mä och Rencontere mat Acteuren aus dem professionelle Liewe stinn um Programm.

Zesumme mat der ACEL, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentencerclen, ginn des Thematiken ugeschnidden, esou wei den Afloss vun dëse Sujeten op Studenteliewen. Esou konnt “d’REEL” an de leschte Joren zu enger wichteger Plattform eruwuesse wou den Austausch tëscht de Studenten, de politeschen an ekonomeschen Acteure groussgeschriwwe gëtt. Dëst Event fënnt all Joers ënnert dem Patronage vum Lëtzebuerger Premier Minister statt.

Fir d’Zesummenaarbecht tëscht de Patronen an den zukünftegen Ugestallten ze stäerken, ass d’Virstelle vun de Partnerfirmen all Joers en wichtegen Deel vum Programm. Nieft dëse Kontakt Méiglechkeete sinn et och nach  kulturell Aktivitéiten, Visitte vun Entreprisen a Workshops déi Participanten unzéien. Déi ganz Zäit vum Sejour gëtt och vill Wäert op den Zesummenhalt vun der Grupp geluecht.