D’Table-Ronde vun de REEL steet dëst Joer ënnert dem Thema „Zukunft gestalten: Kompetenzen am Kontext vun der Digitaliséierung“ an Nee, dëst ass ebe grad keen Thema wat nëmme fir Informatiker ass, mee fir Jiddereen! Mir beschäftegen ons mat ville Froe ronderëm Digitalisatioun: Wou sti mir? Wat hu mir scho geléiert? Wat musse mir geléiert hunn? Gi mir iwwerhaapt an déi richteg Richtung? Wat muss sech veränneren an wat ass gutt? Wéi soll ons Zukunft ausgesinn?
D’Zil vum Workshop ass et, sech scho virun der Table-Ronde eng Kéier zesummen iwwert d’Thema Gedanken ze maachen, sech auszetauschen an zesummen ze kucke wéi eng Punkten nach opgekläert musse ginn an ob mir konkret Fuerderunge stelle kënnen. Dobäi zile mir op Erfarungswäerter déi mir schonn am Workshop sammele wëllen. Och soll de Workshop dozou bäidroen wärend oder no der Table-Ronde kënne Froen oder Wuertmeldungen aus dem Publikum ze erméiglechen.

Am Juni 2023 huet d’Chamber dat neit asbl Gesetz gestëmmt, dat am September 2023 a Kraaft getrueden ass. Bis September 2025 muss all Lëtzebuerger asbl, an domadder och all Cercle deen als asbl registréiert ass, seng Statuten un dat Gesetz ugepasst hunn. D’Zil vun dësem Workshop ass et dee Prozess fir iech sou séier an einfach wéi méiglech ze gestalten. Mir wäerten iwwer déi wichtegst Punkte vum neie Gesetz schwätzen an iech erkläre wat dir als Cercle konkret maache musst fir dass är Statuten dem Gesetz entspriechen, souwéi op all är Froen agoen. Wann s du also dir an dengem Cercle d’Liewen einfach wëlls maachen a keng Loscht hues dech selwer duerch Gesetzestexter ze liese, da mell dech fir dëse Workshop un.

Dei nei Regierung, déi d’lescht Joer am November vereedegt gouf, huet an hierem Koalitiounsaccord eng grouss Pensiounsreform ugekënnegt. Vun dem Premier Luc Frieden an der Minsitesch fir sozial Sécherheet gouf e puermol ugekënnegt, dass niewt de Gewerkschaften an dem Patronat virun allem och déi Jonk sollen eng Stëmm kréien.
D’ACEL huet sech an der leschter Zäit schon mat verschiddenen Akteuren getraff, fir sech op déi breet Diskussiounen am Hierscht virzebereeden. An dësem Kontext wollte mir dowéinst och direkt Meenung vun de Student*innen héiren, déi mir an dëse Gespréicher vertrieden.
D’Pensioun ass een Thema dat fréier oder spéider jidderee vun eis betreffen an dofir och interesséiere wäert. Wann s du also der Meenung bass, dass du schonn elo wëlls bei dëser Thematik zu Wuert kommen an s du wëlls dass deng Meenung mat afléisst, da mell dech fir dëse Workshop un.